sitemap     print
 Home Schoulsyndikat Heischent / Esch-Sauer Schulorganisation Gemengereglement fir den Haff
deutsch français  français  
 
  Portrait der Gemeinde 
  Politik 
  Gemeindeverwaltung 
  Schoulsyndikat Heischent / Esch-Sauer 
 
 
Postes vacants - Schoulsyndikat 
 
 
Schule 
 
 
Schulorganisation 
   
Organisation scolaire 2011/2012
   
Education précoce
   
Education préscolaire
   
Enseignement primaire
   
Instruction religieuse et morale
   
Liste der Lehrer
   
Vacances scolaires
   
Gemengereglement fir den Haff
 
 
Schulkommission 
 
 
Kannerstuff 
 
 
Krabbelstuff 
 
 
Musikschule 
 
 
Vakanzaktivitéiten 11 
  Reglemente 
  Nützliche Infos 
  Soziale Dienste 
  Vereinsleben 
  Gewerbe 
  Tourist Info 
  D'Fenster 
  Bildergalerie 
  Veranstaltungen 
  News 

Gemengereglement fir den Haff vun der Primärschoul vun Heischent

A sénger Sitzung vum 24. Januar huet de Gemengerot e Reglement geholl iwwert d´Benotze vum Haff vun der Primärschoul zu Heischent. Dëst Reglement gouf vum Innenminister genehmigt a publizéiert, sou dat et vum 23. Juni un gëltig ass. Am Detail gesäit et folgendes fir:

Artikel 1:
Am Prinzip soll de Schoulhaff an d´Gréngflächen nëmmen vu Kanner benotzt ginn déi zu Heischent an d´Schoul ginn.

Artikel 2:
Ausserhalb der Schoulzäit an ausserschoulischen Aktivitéiten wéi der Musikschoul, ass Spillen mam Ball erlaabt bis et däischter gëtt. Daat gëlt awer nëmmen fir Kanner bis 13 Joer.

Artikel 3:
Et ass strengstens verbueden de Ball an d´Fënsteren, géint d´Fassaden an op den Dach ze schéissen.

Artikel 4:
Während der Schoul an de Musikscouren gëtt nët mam Ball am Haff gespillt.

Artikel 5:
Den Accès an de Schoulhaff ass fir all Hond verbueden, och wann en un der Léngt gehalen gëtt.

Artikel 6:
D´Rou an d´Propretéit vum Haff an den Alentouren sin ze respektéieren.

Artikel 7:
Am Schoulhaff ass de Radio an all aner elektronesch Musik verbueden.

Artikel 8:
Et ass nët erlaabt mat engem motoriséierte Gefier, mat Ausnahm vun Entretiensaarbechten, duerch de Schoulhaff ze fueren. Den Haff kann awer als Parking benotzt gin, mat der Erlabnis vum Schefferot.

Artikel 9:
D´Kanner mussen den Instruktiounen vum Léierpersonal follechen. Dëst gëlt och fir äusserhalb der Schoulzäit.

Artikel 10:
Am Fall vun engem Verstouss géint dëst Reglement ass eng Geldstrof tëschent 25 an 250 Euro virgesin.

Entgéint deem, wat en op den éischte Bléck kënnt mengen, gung et dem Gemengerot nët drëm, de Kanner d´Spillen am Schoulhaff ze verbidden. Eng Rei Tëschefäll an Akte vu Vandalismus hun et awer néidig gemeet, gewësse Regelen anzeféieren.

An Zukunft ass den Haff also dene Kanner viirbehalen, déi och zu Heischent an d´Schoul gin. Dat gëlt an de Pausen, awer och ausserhalb vun der Schoulzäit. Si kënne wéi bis elo hei spillen, awer sou, dat de Schoulbetrieb an d´Noperschaft nët gestéiert gin. Ausserdem soll d´Propretéit vun den Anlagen an d´Sëcherheet vun de Kanner verbessert gin.

De Schefferot ass iwwerzeegt, dat dat neit Reglement déi erwënschte Verbesserungen fir jiddereen brénge wäert an hofft dofir op Ärt Versteesdemech fir dës Moossnahmen.

De Schefferot

 

hints © 2005 Commune de Heiderscheid notice légale