sitemap     print
 Home Présentation de la commune D'Gemeng Heischent
deutsch français  deutsch  
 
  Présentation de la commune 
 
 
D'Gemeng Heischent 
 
 
La commune en chiffres 
  Politique 
  Administration communale 
  Schoulsyndikat Heischent / Esch-Sauer 
  Règlements 
  Infos pratiques 
  Services sociaux 
  Loisirs 
  Entreprises 
  Tourisme 
  D'Fenster 
  Galerie d'images 
  Manifestations 
  Actualités 

D'Gemeng Heischent

1. D'Landschaft an d'Leit

Mat ronn 1.500 Awunner an 3.150 ha as d'Gemeng Heischent eng vun deene gréissten am E'isléck.

Deene Leit, déi eis Gemeng nët esou gutt kennen, muss en och soën, datt se aus 7 Uertschaften oder Dierfer besteet: daat sin an der alphabetescher Reihenfolg Dierbech, Eschduerf, Heischent, Heischtergronn, Mëtscheed, Réngel an Todler. T'Hierheck gët a kengem Buch an och a kenger Géographie als Duerf opgezielt, mä ëmmer nëmmen als e puer Heiser déi zu Eschduerf gehéieren.

Duerch hir Topographie an och duerch hir Landschaft zerfällt eis Gemeng an zwéin Deeler. Déi eng Halschent läit am Sauerdall mam Heischtergronn, mat Todler, Rengel an Dierbech. Frënn vu Natur a Landschaft soën, hei wier eng vun deene schéinste Géigenden aus dem Land. Uebstbeem, Hecken a Bëscher hun hei nach Plaz, an am Fréijoër bréngt de Gënz frësch Fuerwen an d'Häng. Vill Raum huet d'Natur nët gelooss, an d'Dierfer sin duerfir kleng awer heemlech. Ganz anescht gesäit ët uewen op der Kopp aus. De Klima as vill méi rauh an op 500 Meter Héischt läit am Wanter dacks Schnéi. E ganz grousse Bann erlaabt ët modern Landwirtschaft ze bedreiwen, an daat mat alle Vir‑ an Nodeeler. Eschduerf an Heischent gehéieren och haut nach zu den déckste Baurendierfer am Land.

Am südlechsten Eck vun der Gemeng lâit dann nach Mëtscheet, dat schon séng Nues an d'Gutland streckt. Eng sonneg Lag a schéin aal Baurenheiser gin dësem Duerf seng Eegenart.

Wann een e Portrait vun enger Gemeng soll maachen, da muss een och e puer Wuert iwwert déi Leit schreiwen, déi do wunnen. Well dat awer nët esou einfach as, wëll ech mech un e puer allgemeng Tatsaachen halen.

Et as ganz kloër, datt eise Charakter an eist Temperament deem vum E'islecker Bauer entsprëcht. D'Leit sin e bësse méi zréckhalend matt hirer Meenung a si gin am allgemengen spuersam mat Wierder ëm. Zu groussen Diskussiounen kënt ët ganz selen, awer wann ee se fir domm hält, da gi se verbruët, an dat och mat Recht.

2. D'Liewen an der Gemeng

An der Gemeng Heischent, sou huelen ech un, liewe mir genau sou wéi an deenen anere Landgemengen, daat heescht, virun allem méi einfach a roueg wéi an der Stad.

Ech wëll awer hei op eppes ganz Spezielles hiweisen an daat as ouni Zeifel eist dynamescht Veräinsliewen. Mir hu nët manner wéi 24 Veräiner, an deenen iwer 300 Leit engagéiert sin. Vill vun deenen schaffen an 2 oder 3 Veräiner, wou si vill Fräizäit am Dingscht vun der Allgemengheet hirgin. Duerch dës Tatsaach léisst sech och erklären, wéisou mir e Kannerchouer mat iwer 40 Membren hun.

Datt ët bei souville Veräiner a souvillen Dierfer emol zu Rivalitéite kënnt, daat däerft sëcher kee Geheimnis sin. Awer och hei hun sëch an deene leschte Joëren nei Idéen duerchgesaat. Vun 1988 un fonktionnéiert eng eegen Musikschoul an däer d'Kanner vun der ganzer Gemeng a vun Esch‑Sauer Solfège léieren oder Instrumentecouren ugebuede kréien. Als positiv Beispiller kann een och de Fussball, d'Amiperas a besonnesch de Kannerchouer nennen. Als sougenannten Gemengeveräiner wiirken an hinnen Awunner vu sämtlechen Uertschaften aus der ganzer Gemeng. Et wär ze hoffen, datt vun do aus e neit Denke kéim, an daat besonnesch vun de Kanner. En soll en däer Plaz ‑ wou een sech doheem fillt ‑ trei bleiwen, awer ët soll een och d'Aan opmaachen fir eng méi grouss Gemeinschaft.

Sëch als Bierger vun der ganzer Gemeng gesin, daat däerft am Zäitalter vun engem gemeinsamen europäeschen Haus keng Illusioun méi sin.

3. Eis Zukunft

Mat engem kloëre Bléck an d'Zukunft a mat sëchere Féiss um Buedem goufen an deene leschte Joëren e puer wichteg Idéen an Ugrëff geholl.

Zënter 1985 besteet eng Zentralschoul zu Heischent fir bal 100 Kanner. Datt esou eppes nët ouni Problémer geet dat wësse mer alleguer. Well d'Zuel vun deKanner nach ëmmer wiist, sën 2 weider Schoulsäll geplangt.

En anere Projet as dee vun enger Mehrzweckhaal. Doduerch gët d'Méiglechkeet geschafen, datt eis Awunner, déi kleng an déi grouss, hei an der Gemeng Sport kënne maachen ouni groussen Zäit‑ an Transportopwand. Ausserdeem kënnen dann an der Gemeng Heischent och gréisser Kulturmanifestatiounen ofgehal gin.

Et muss awer och nach op ee Problem opmierksam gemaach gin, dee fir eis Zukunft vu grousser Wichtigkeet as. Et gët ërnmer erëm jonk Leit, déi an hirem Duerf oder an eiser Gemeng wëlle wunne bleiwen. Dacks gingen si gâr en neit Haus bauen. Awer wou fannen si eng Bauplaz, a wee verkeeft hinnen eng?

Dësen Artikel soll eng kleng Visitekaart vun eisër Gemeng sin. Vollstänneg as en ganz sëcher nët, well daat wär e ganzt Buch gin. Ech hoffen awer, datt ech mat dësem Beitrag zu engem bessere Verständnis iwer d'Situatioun an d'Problemer bäigedroën hun. Fir de Friemen kennt dëse Gemengeportrait en einfacht Kenneléiere sin, fir den Einheimischen awer d'Verdäitlichung vun den Zesummenhäng.

Rob Everling

hints © 2005 Commune de Heiderscheid notice légale